Загрузка страницы

Retrouver le silence intérieur, avec Kankyo nonne bouddhiste, sur RTL ( Planète Live People )

Une émission enregistrée en juin 2018 à l'occasion d'une conférence au Luxembourg.
Pour la chaine de TV RTL. ( Luxembourg ).
- comment retrouver le silence intérieur ?
- comment observer les pensées ?
- Kankyo est-elle strssée ? ;-)
- une vie monastique, c'est comment ?
... autant de questions à retrouver dans cette interview.
Journaliste :
Montage : Angelo
***
D’Kankyo Tannier huet viru 17 Joer decidéiert, an engem buddhistesche Klouschter am Elsass ze liewen. Si fënnt do déi néideg Rou, fir sech op dat Wesentlecht ze konzentréieren. Si gesäit sech selwer als "Nonn 2.0", well si verstoppt sech net an hirem Klouschter, mä notzt déi modern Medien, fir iwwert hir Liewensphilosophie z’informéieren. Nieft hirem Blog hält si och Konferenzen a schreift Bicher ("Ma cure de Silence" oder "À la recherche du temps présent"):

Dat ass ëmmer eng wonnerbar Geleeënheet, fir och mat der Gesellschaft verbonnen ze sinn an esou och Alternativen ze proposéieren, déi dozou bäidroen, sech op dat Mentaalt an d'Wuel ze konzentréieren.
D'KANKYO schwätzt Franséisch, Englesch an Däitsch an ass eng ganz lieweg, sympathesch an häerzlech Persoun, déi sech och an de leschte Joren aktiv fir d'Deieren agesat huet.

Zënter 2016 wunnt si an engem Holzchalet net wäit vum buddhistesche Klouschter Ryumon Ji vu Weitersviller bei Stroossbuerg. Et ass hir wichteg, zesumme mat der Natur ze liewen an Zäit ze hunn, fir Bicher ze schreiwen an duerch hire Blog www.dailyzen.fr, d'Leit iwwert d'Wichtegkeet vun der Meditatioun ze informéieren.
D'Buch "Ma cure de silence" ass 2017 erauskomm, an 13 Sproochen iwwersat ginn an ass haaptsächlech e Buch, dat vu Meditatiounstechniken a Rou schwätzt. Hei kann ee villes bäiléieren an och am Alldag applizéieren.

Dat neit Buch "A la recherche du temps présent" ass vun elo un ze kréien an traitéiert méi d'Aspekter vun der dynamescher, mä och schwiereger Gesellschaft, an där mir haut liewen, an d'Problemer, déi mir all evitéiere kënnen, andeems mir ons méi Zäit iwwerloossen an och am "Hei an Elo" liewen.

Видео Retrouver le silence intérieur, avec Kankyo nonne bouddhiste, sur RTL ( Planète Live People ) канала Daily ZEN - Meditation
Показать
Комментарии отсутствуют
Введите заголовок:

Введите адрес ссылки:

Введите адрес видео с YouTube:

Зарегистрируйтесь или войдите с
Информация о видео
21 июня 2018 г. 3:29:46
00:11:14
Яндекс.Метрика