Загрузка страницы

Mee wann vum Poutty Stein

1. Ech gi mäi Pad fir mech dohin, sou grad wei´t mir gefält
A wiem dat vläicht net Recht soll sinn, deen denkt sech wat e wëllt
nur looss e mech a Rou, E soll mech nur net ploen
soss man ech d´Guttheet zou, a fänken un ze schloen

2. Ech sinn e friddlech brave Jong, ech haassen och de Sträit
ech hu keng Hoer op menger Zong, mäin Ae nur Guddes gesäit
De Spaass kann ech verstoen, mee denkt e mech ze uzen
da muss ech huerteg goen, soss ginn et eekleg Knutzel´n

3. Ech sinn e Frënd vu klorem Kapp, vu eniichterem Gefill
meng Mooss ass ëmmer schmuel a knapp,ech drénken nimools vill
mee ass´t eemol de Fall, dat ech mer eng muss knätzelen
da gëtt de Bierg zum Dall, dann hunn ech duuschtreg Schëtzelen

4. Ech leie meeschtens frei am Schlag, ech hunn d´Gewunnecht net
ze lompen bis zum kloren Dag, well dat gefält mer net
mä rifft mech mol d´Ongléck, sou owes raus o Mammo
da kommen ech réischt geschréckt, wann d´Sonn mir seet: Du Schwäin do

5. Dat schéinste Meedchen léisst mech kal, sou kal, sou kal wei Äis
Mäi Blutt dat huet eng roueg Wal, kennt nimools aus dem Gleis
Mee wann par hasard mol, ech heiansdo net leien
dann haen ech op de Stol, datt d´Fatzen nur sou fléien

6. Ech sinn e Frënd vun alle Leit, wou ëmmer si och hier
Natiounenhaass aus aler Zäit, dee kennt mer droleg vir
Jidd Mënsch de propper denkt, dem well ech d´Hand gär drécken
an deen, deen et net esou mengt, de kann am A.... mech lecken

Видео Mee wann vum Poutty Stein канала Jeannot MERSCH
Показать
Комментарии отсутствуют
Введите заголовок:

Введите адрес ссылки:

Введите адрес видео с YouTube:

Зарегистрируйтесь или войдите с
Информация о видео
19 июня 2023 г. 18:52:15
00:04:31
Яндекс.Метрика